Warenkorb
Favoriten

Dieser Text exisitiert nicht aud Deutsch.

Säit méi wéi engem Joer si mer lo amgaang op Distanz mateneen ze kommunizéieren. D’Grousseltere kréien iwwer den Handyecran gewisen, wéieen Zand bei hieren Enkel:inne grad wackelt, Koppelen tauschen Zäertlechkeete per Emojis aus an d’Sexpodcast-Team hëllt d’Follegen aus dräi verschiddene Länner op. Dee Sécherheetsofstand war néideg fir openeen opzepassen. Mä sou lues e bësse méi Proximitéit zouloossen ass och gesond. Jo souguer iwwerliewenswichteg. 

Dofir luet d’Equipe vu Méi wéi Sex iech de 26. Juni an d’Rotonden an. Do kritt dir net nëmmen d’Gesiichter zu de Stëmmen ze gesinn, mä kënnt och un spannende Workshops deel huelen. Ausserdeem dierft dir dobäi sinn a matschwätzen, wann di läscht Folleg vun der 3. Staffel mam Titel Ouergasmus Live” opgeholl gëtt. Mir freeën eis drop, dass mer endlech rëm openeen zougoe kënnen. Dir och?

Ateliers >10:00 – 13:00

matt Stella Bodywork (op Lëtzebuergesch)

Nee” soen ass net ëmmer einfach, besonnesch wann een eng Persoun gär huet. Fir seng Grenzen astoen ass en Jo” zu sech selwer. An dach gi mer oft doriwwer a sinn dono rosen op eis oder schummen eis villäicht souguer.

Wéi spieren ech meng Grenzen a wéi kommunizéieren ech se, ouni Gefill ze hunn di aner Persoun ze verletzen? Wéi ginn ech domat em wann ee mir seng Grenze kloer mécht, ouni mech rejetéiert oder villäicht ugegraff ze fillen?

An dësem Workshop léiers de dech an deng Grenzen, Gefiller an däi Kierper duerch praktesch Übunge spieren. Duerch Wierder maache mer des Gefiller verständlech a ginn hinnen eng Presenz a kennen se reflektéieren.

Mat enger néier Vue gi mer an d’Kommunikatioun mat aneren, a kennen sou direkt erliewen, a verstoe wéi et sech ufillt, seng an aneren hier Grenzen ze héieren an ze spieren.

Ech sinn d‘Stella Witry (Stella Bodywork) a begleede säit 2008 Mënschen sech selwer an hier Sexualitéit ze spieren, ze kommunizéieren a schlecht Erliefnisser ze transforméieren an ze heelen, fir einfach sech selwer kennen ze sinn.

mam CID | Fraen an Gender (op Lëtzebuergesch)

Wat wir wann … ech an engem anere Kierper gebuer wier? Wem gehéiert mäi Kierper eigentlech? A wat si meng Rechter a Méiglechkeeten, wann et ëm Reproduktioun, Ofdreiwung a Grenziwwerschreidunge geet? A gëtt et dozou och e Buch? A wat huet Aktivismus domat ze dinn?

An dësem Atelier gëtt gespillt, gelaacht, geliess an diskutéiert. E riicht sech … natiirlech un all Mënsch mat engem Kierper! Hei kanns du dir Zäit huelen fir e wéineg Selbstreflektioun. Du wëlls dech mat aneren austauschen? Du spills gär? Bicher si fir dech eng Schatztru oder onbekannten Terrain? Da bass du hei richteg!

Geleet gëtt dësen Atelier vum Isabelle Schmoetten. Hat schafft als politesch Beoptragt beim CID | Fraen an Gender. De CID ass Zentrum an Treffpunkt fir Gender a Feminismus zu Lëtzebuerg. Mir engagéieren eis fir d’Gläichstellung vun de Geschlechter, fir eng feministesch Gesellschaft a fir d’Verbreeden an den Ausbau vun Genderwëssen.

mit Jen (auf Deutsch)

Vertrauen und gegenseitige Achtsamkeit für die jeweiligen individuellen Bedürfnisse sind ein wichtiger Teil des gemeinsamen Erlebens. Es geht um die Verbindung miteinander, aber auch zu den eigenen Bedürfnisse. Konsens heißt Spaß für Alle! Dieser Workshop wird konform mit den Abstandsregeln (2m) stattfinden. Am einfachsten ist es, wenn ihr euch bequem kleidet so dass ihr euch wohl fühlt. Du brauchst keine Partner*in mitzubringen und bist als Einzelpersonen ebenso willkommen wie als Mehrere. Es wird einige praktische Übungen geben, einiges zum Reden und Vieles zum Ausprobieren. Ich möchte meine Freude an der Vielfalt von Kink weitergeben und Menschen inspirieren und ermutigen, sich auszuprobieren, eventuelle Vorurteile zu überwinden und ihren Horizont zu erweitern.

Ich selber habe vor einigen Jahren Kink” für mich entdeckt. Seit August 2018 bin ich zudem selbstständig als systemische Beraterin und Coach tätig und gebe Workshops zu queerpolitischen Themen und Feminismus*. Einen Fessel Einführungs-Workshop bot ich (seit 2013) meist in queeren Räumen an und habe mein Konzept seitdem stetig weiterentwickelt.

Ateliers >15:00 – 18:00

matt Finkapé (en français + op Lëtzebuergesch)

De Rassismus an d’Hypersexualiséierung vu raciséierte Kierper sinn 2 Säite vun der selwechter Medaille : hannert dem sexuellen Interesse u schwaarzen, arabeschen oder asiatesche Mënsche verstoppen sech stereotyp Representatiounen di aus der Zäit vum Sklaventum, respektiv der Kolonisatioun stamen.

Och wa mer haut alleguerten theoretesch di selwecht Rechter hunn, sou ass dat kollektiivt Ënnerbewosstsein dach nach ëmmer staark present. Di Hypersexualiséierung kann immens negativ psychologesch Konsequenze fir di Betraffen hunn.

An dësem interaktiven Atelier wëlle mer di verschidde Facetten a Geschichte vun dëser Fetischiséierung beliichten. Den Atelier gëtt vun der antirassistescher an afrofeministescher Associatioun Finkapé proposéiert.

mam Kelly (op Lëtzebuergesch)

Anatomie — en drëschent Thema? Ganz am Géigendeel! An dësem Workshop froen mer eis: Wou sinn d’Klitoris, d’Prostate an den Cervix — an wat hunn se mat Loscht ze dinn? Mir schwätzen iwwer Ejakulatioun bei Mënschen mat Penis a bei Mënschen mat Vulva, iwwer Orgasmen an wéi (a wou) mer Loscht empfannen. Penissen ginn haart a Vaginas/​Vulven ginn fiicht, mee dat ass net déi ganz Wourescht…

Den Workshop dauert ca. 2,5 Stonnen an ass e Raum fir Informatioun, (Selbst-)Reflexioun, Froen, Diskussiounen an Austausch. De Workshop ass interaktiv (mee Matmaachen ass zu all Zäit fräiwëlleg) an riicht sech un jiddereen.t, wou Interessi huet (et brauch een keng Vierkenntnisser).

D’Kelly Kosel ass Sexualpedagogin an Trainerin am Beräich Sexualitéit, Intimitéit, Geschlecht an Antidiskriminéierung. Hat schafft mat Jugendlechen an der Schoul an a Jugendariichtungen, mat (jonken) Erwuessenen op der Uni an mat pedagogesche, psychologesche an medezinesche Fachpersonal. D’Kelly huet Transkulturell Kommunikatioun (BA) an Gender Studies (MA) studéiert an wunnt zu Wien. Säit 2018 co-produzéiert hat den Podcast Méi wéi Sex.