Cart
Favourites
From 3 years old

Performing arts / Musekstheater mat Objeten Frederick

La Compagnie du Grand Boube (LU)
© © CAPE − Pierre Weber

Sorry, there’s no English version of this text (yet).

Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. De Bauer ass geplënnert, an d’Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d’Mais musse Provisioune fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just de Frederick net. Amplaz Fruucht, Mais, Nëss a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt. Déi aner Mais froen hien Ma wat méchs du do, amplaz eis ze hëllefen?“, mee seng Äntwerte bleiwe rätselhaft.

De Frederick sammelt Faarwen, Sonn, Musek a schéi Wierder fir déi laang Wanterowenter. Hie gëtt zu engem, deen aus dem Näischt Freed a Schéines erbäi zaubere kann… Hien ass e richtegen Artist!

D’Compagnie du Grand Boube huet dem Leo Lionni seng Billergeschicht Frederick fräi als Musekstheater adaptéiert. Eng Schauspillerin spillt an erzielt d’Geschicht mat Objeten a mat Schietprojektiounen. E Pianist an eng Violonistin begleeden si dobäi an interpretéieren déi 27. Sonat vum Mozart.

« (…) mech huet beréiert, wéi déi klassesch Musek dat Stéck beräichert an d’Kanner och paakt (…) dat war visuell Poesie! (…) Frederick huet mer alt nees gewisen, wéi schéin et dach ass, mat Emotiounen ze spillen, Sënner ze stimuléieren, an ze weise wat Gefiller sinn (…) an dofir muss een esou Momenter onbedéngt genéissen. »
— radio 100,7, Juni 2019

Fräi nom Billerbuch vum Leo Lionni an der 27. Sonat a Sol majeur fir Gei a Piano (K379) vum W.A. Mozart / Konzept an Inzenéierung, Objeten: Francis Schmit / Spill: Franz Leander Klee (Piano), Ann Majerus (Gei), Renelde Pierlot (Schauspill) / musikalesch Adaptatioun an Direktioun: Franz Leander Klee / Luucht: Romain Stammet / Kostümer a Konfektioun Mais: Peggy Wurth / Spezialeffekter (Schnéi): Céline & Rüdiger Leuchter / Bléck vu baussen: Agnès Limbos / Berodung: Agnès Limbos (Objeten), Mani Muller (Dramaturgie) / Regieassistenz: Mahlia Theismann / Bühnekonstruktioun: Escher Theater / mat Extraiten vun zwee Gedichter vum Michel Lentz („Fréijoer“ aus Hiérschtblumen an E Päiperlek“ aus Wantergréng / Produktioun: La Compagnie du Grand Boube / Koproduktioun: CAPE − Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Escher Theater, Kulturhaus Niederanven / Ënnerstëtzung: Rotondes Luxembourg / Kreatioun Juni 2019