Cart
Favourites

CD Ënnerwee

Mam Betsy Dentzer (Erzielung), Nataša Grujović (Musek)
© Illustratiounen & Grafik: Lis Eich
Dauer

73′59″

Sprooch

op Lëtzebuergesch

Mir ginn op d’Rees a mir huelen eise Rucksak mat. An eis Rucksäck pake mir:
En Akkordeon.
En Akkordeon an eng Maus.
En Akkordeon, eng Maus an eng riseg Fieder.
En Akkordeon, eng Maus, eng riseg Fieder an en Eemer.
En Akkordeon, eng Maus, eng riseg Fieder, en Eemer an e gëllene Rank.
En Akkordeon, eng Maus, eng riseg Fieder, en Eemer e gëllene Rank an en Ouerwuerm.

Mir zéien uechter d’Länner, mir lafen dir duerch de Kapp, fueren dir an d’Been, an d’Oueren an an de Bauch, erzielen dir nei Melodien a spillen der onbekannte Wierder. Géi mat u Bord, klamm mat an de Fliger, stréck deng Schong gutt fest, well: et ass ee wäite Wee ronderëm d’Welt…mee e lount sech!

Ënnerwee — Bonus Track: Tirkei

Konzept an Erzielung: Betsy Dentzer | Musek: Nataša Grujović | Illustratiounen & Grafik: Lis Eich | Opnam a Postproduktioun: Mayfex Studio | Produktioun: Rotondes | Koproduktioun: Fédération Générale des Instituteurs Luxembourgeois | Mat der Ënnerstëtzung vun: Ministère de la Culture, Ville de Luxembourg, RTL

Bestellung

online
hei klicken
iwwer Telefon
op den +352 2662 2030
(Dë-Fr >13:30 – 18:30)
per E‑Mail
un email hidden; JavaScript is required

Präis: 17€

Och disponibel

an de Butteker (dorënner d’Librairies Ernster)

als Download, op de gängege Plattformen (Spotify, Apple Music, Amazon Music, Deezer, YouTube Music, asw.)