Panier
Favoris
À partir de 6 ans

Spectacle / Theater a Musek Mega béis

Kopla Bunz (LU) & Theater Melone, Innsbruck (AT)
Fabula Rasa 
© Freepik
Fabula Rasa 

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

Et wäert een dach wuel nach dierfe béis ginn!? Wat heescht béis sinn, wat mécht den Ierger mat eis an deet Roserei net heiansdo gutt? Wat bleift wann d’Roserei vergeet, a wou geet se hin? Dat erfuerschen de Sänger Jhang Bermes an d’Schauspillerin Julie Kieffer mat vill Musek an enger gudder Portioun Witz.

Spill: Julie Kieffer, Jean Bermes / Inzenéierung: Florian Hackspiel / Kompositioun: Nikola Jeremic / Bün: Thomas K Mörschbacher / Dramaturgie: Ela Baumann / Iwwersetzung: Betsy Dentzer / Bléck vu baussen: Milla Trausch / Produktioun: Tanja Frank / Luucht, Video: Krischan Kriesten / Koproduzenten: Rotondes Luxembourg, CAPE − Centre des Arts Pluriels d’Ettelbruck, Theater Melone Innsbruck / Ënnerstëtzung: Ville de Luxembourg, Stadt Innsbruck, Land Tirol, Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, Fondation Sommer / Kreatioun Oktober 2020 / Première op Lëtzebuergesch an de Rotondes

Formatioun

D’Rotondes proposéieren eng Formatioun fir Enseignanten aus dem Fondamental ronderëm déi theatralesch Aarbecht déi anhand vun éngem Billerbuch méiglech ass. Dës fënnt den 25.01.21 vun 10:00 – 17:00 an den 26.01.21 vun 16:00 – 18:30 statt. An deem Kader gëtt sech och zesummen de Spektakel den 26.01.21 um 15:00 ugekuckt.