Warenkorb
Favoriten
Von 1 Jahr
Bis 5 Jahre

Aufführung Frederick

Dieser Text existiert nicht auf Deutsch.

Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. De Bauer ass geplënnert, an d’Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d’Mais musse Provisiounen fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just de Frederick net. Amplaz Fruucht, Mais, Nëss a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt. Déi aner Mais froen hien Ma wat méchs du do, amplaz eis ze hëllefen?“, mee seng Äntwerte bleiwe rätselhaft. De Frederick sammelt schéi Faarwen, Sonn, Musek a schéi Wierder fir déi laang Wanterowenter. Hie gëtt zu engem, deen aus dem Näischt Freed a Schéines erbäi zaubere kann… Hien ass e richtegen Artist! D’Compagnie du Grand Boube huet dem Leo Lionni seng Billergeschicht Frederick fräi als Musekstheater adaptéiert. Eng Schauspillerin spillt an erzielt d’Geschicht mat Objeten a mat Schietprojektiounen. E Pianist an eng Violonistin begleeden si dobäi an interpretéieren déi 27. Sonat vum Mozart.

Konzept an Inzenéierung: Francis Schmit fräi nom Billerbuch vum Leo Lionni an der 27. Sonat a Sol majeur fir Gei a Piano (K379) vum W.A. Mozart / Spill: Franz Leander Klee (Piano), Ann Majerus (Gei), Renelde Pierlot (Schauspill) / musikalesch Adaptatioun an Direktioun: Franz Leander Klee / Bühnebild a Luucht: Romain Stammet / Kostümer a Mais: Peggy Wurth / Spezialeffekter (Schnéi): Céline & Rüdiger Leuchter / Berodung: Agnès Limbos (Objeten), Mani Muller (Dramaturgie) / Regieassistenz: Mahlia Theismann / Bühnekonstruktioun: Escher Theater / Koproduktioun: CAPE − Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Escher Theater, Kulturhaus Niederanven / Ënnerstëtzung: Rotondes Luxembourg / Kreatioun Juni 2019