Warenkorb
Favoriten
Von 4 Jahren

Aufführung / Theater ZongenZodi

Erzielkonscht (LU)
© Patrick Galbats

Dieser Text existiert nicht auf Deutsch.

Eng Geschicht fänkt vir un an hält hannen op. Zwar net! Haut op d’mannst maache mer alles verkéiert a béien et nees gerued. A vläicht bleiwen dono e puer wonnerschéi kleng Bëlzen dran. Well wann hanne vir a vir hannen ass, da ka riicht kromm sinn a kromm och riicht, an alles ass nees genee esou, wéi et soll sinn! Oder net?

Komm mir setzen den Z op den A an en T virun all Wuert! Wann dann d’Wierder esou richteg schéi geckeg d’ënnescht d’iewescht bonzelen, da kriss de e Knuet an d’Zong… oder an d’Oueren? Oh meng Modi, wat en Zodi, voller Freed um Duercherneen!

Konzept an Interpretatioun: Luisa Bevilacqua, Betsy Dentzer / Zeenografie a Kostümer: Peggy Wurth / Kënschtleresch Begleedung: Ela Baumann, Jean Bermes, Claire Parsons / Luuchtendesign: Domenic Koehler / Koproduktioun: Escher Theater, Erzielkonscht a.s.b.l. / Kreatioun Februar 2023

Laden Sie die pädagogische Mappe herunter (PDF)
Laden sie das saalprogramm herunter (PDF)