Ab 4 Jahren

Aufführung Aucassin & nicolette

Erzielkoncert

Dieser Text existiert nicht auf Deutsch.

Aucassin & Nicolette“ ass déi faszinéierend Geschicht vun 2 grousse Kanner déi sech iwwer alles gär hunn: den Aucassin, de Neveu vun engem klatzkäppege Grof an d’Nicolette en adoptéiert Sklavemeedchen. Obwuel hier Elteren net wëllen dass di zwee zesummekommen, geléngt et hinnen awer… no villen Abenteueren, Geforen an enger laanger Trennung.
Aucassin & Nicolette“ ass e Wierk aus der franséischer Literatur, dat ëm 1225 vun engem onbekannten Auteur geschriwwe gouf. Et ass eng Zort Virlag fir eng sëllechen Liebespärecherstexter aus der Weltliteratur wéi zum Beispill Romeo & Julia, Tristan & Isolde, WALLE & EVE…
Aucassin & Nicolette“ ass eng spannend Mëschung aus der originaler Geschicht a live Musek. Den Dan Tanson huet d’Geschicht selbstverständlech an engem zäitgenësseschem Mäntelchen iwwerschafft a ganz vill Situatiounswitz agebaut.
Sou kéint d’Stad an där d’Geschicht spillt genee esou gutt zu Lëtzebuerg sinn a weist och Ähnlechkeeten mat der aktueller sozialer Situatioun op. Esou mécht den Text de Kanner, ma genee esou den Erwuessen vill Spaass. D’Virstellung ass deemno richteg flott fir déi ganz Famill. D’Verbindung vun der mëttelalterlecher Musek mat Illustratiounen déi live entstinn, versprieche weider vill Spannung.
Besonnesch flott ass och dass d’Anne Delafosse (soprano) fir de Projet gewonne konnt ginn. D’Anne Delafosse ass Gesanksprofesserin fir al Musek am Conservatoire zu Lyon. Si huet an Zesummenaarbecht mam Dan Tanson original Musek aus Mëttelalter erausgesicht. A genee wéi et de Prinzip vun der Chantefable ass, séngt sie en Deel vun der Geschicht op Lëtzebuergesch. A wie weess villäicht séngt och den Dan Tanson en Deel vun der Geschicht. Ma do muss hien awer d’éischt nach e bësse Kräid iessen, fir seng Stëmm méi douce ze maachen.

Konzeptioun & Erzielung Dan Tanson Fiedel Birgit Goris Soprano Anne Delafosse Harfe Angélique Mauillon Kostüm Alexandra Lichtenberger Luucht Anne Streatmans Produktion Chantier Mobile asbl Koproduktion Philharmonie Luxembourg Matt der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, Ministère de l’Éducation nationale et de la Formation professionnelle/​SCRIPT