Ab 4 Jahren

Aufführung Basta

Kreatioun

Dieser Text existiert nicht auf Deutsch.

Basta! Lo geet et duer!“ seet sech den Hunn, wéi säin ale granzege Meeschter e gutt gebeetscht hat, a mécht sech duerch d’Bascht. En trëppelt an trëllt iwwer Wisen a Felder, bis en op eemol zwou gëlle Mënzen erbléckst. Ech hu se fonnt, lo sinn et meng!“, denkt sech den Hunn. Mee do ass nach en aneren, deen et och op d’Mënzen ofgesinn huet an dem Hunn dofir d’Liewe schwéier mécht.
No Frrrups (Januar 2014) a Schmock (August 2015) ass dëst den drëtten a leschten Deel vun der Trilogie, déi d’Rotondes mam Larisa Faber a Linda Bonvini ronderëm d’Fabele vum rumäneschen Auteur Ion Creangă realiséieren.

fräi no der rumänescher Fabel Pugunţa cu doi bani vum Ion Creangă Iddi a Spill: Larisa Faber Regie: Linda Bonvini Bühn a Kostüm: Anouk Schiltz op Lëtzebuergesch iwwersat an adaptéiert: Serge TonnarFoto Frrrups © Sven Becker