Ab 4 Jahren

Aufführung D’zaubermillen

Kreatioun

Dieser Text existiert nicht auf Deutsch.

Muel, Millen, muel, Millen, dréi dech, Mille, muel…
Viru laanger laanger Zäit, souz eng Famill iergendwou an Norwegen an hirem klengen Haischen an hat näischt z’iessen. Do huet de Mann sech op de Wee gemaach, eraus a Schnéi a Wand, fir säi räiche Brudder no enger Klengegkeet fir z’iessen ze froen. Op sengem Wee duerch de Bësch ass en awer beim Däiwel an der Hell gelandt a koum do bei eng Salzmillen… eng Salzmillen, déi säi Liewe verännert huet.
Wierder, Zeechnungen a Musik loossen dës Salzmillen dréinen, muelen, an dréinen a muelen… mä wéi kréie mer se dozou, nees opzehalen?!

Konzept an Erzielung: Betsy Dentzer Live-Zeechnungen: Florence Weiser Musikalesch Begleedung: Florence Kraus Bühn a Kostüm: Carmen Van Nyvelseel Produktioun an Diffusioun: TRAFFO_CarréRotondes