Freshdax huet einfach misse sinn. E „Léiftkand“ souzesoen. Eng Idee tëscht dem Julien „Jools“ Primout, och Frontmann vun der lëtzebuerger Hardcore/Metal Formatioun Everwaiting Serenade, um Micro, an dem Jacques „StA“ Rasic, Hiphop Mastermind, DJ a Produzent vum T‑The Boss aus de Foundation Kreeser.
Eng Erfëllung vun engem Dram fir deen Een, eng Ameesselung vu Kontinuitéit fir deen Aneren. Freshdax as en Hiphop Duo, deen d‘Rad net nei erfënnt, awer de Pneu frësch oppompelt. Deen den Hiphop aus senger Komfortzone u bëllegem Sex a nach méi bëllege Bijou’en eraushëllt, an en dohinner zréckplazéiert, wou en higehéiert: Ennert d’Menschen.
Mat hirem ganze Witz, Charme an Zerbriechlechkeet. Freshdax as wéi eng al Koppel: mir fighten, mee mir funktionnéieren a mir flowen.
Freshdax as e gehuewene Mettelfanger un all déi Weekend-Revoluzzer, déi sech am Starbucks anchecken fir un hirem Buch ze schreiwen, an déi d’Welt mat Likes veränneren wëllen. Wanns du wierklech mengs dass déng Meenung relevant as, da setz se produktiv an relevant an.
Oder kuck dass se reimt. Fir de Rescht, ZIEL MIR NET DÄI LIEWEN!