Dieser Text exisitiert nicht auf Deutsch.
An dësem Virtrag kucke mer zeréck op verschidden Etappen déi d’elektronesch Musek zu Lëtzebuerg duerchgemaach huet. Laang Zäit war dëst keng kontinuéierlech Entwécklung, mee éischter e puer Effusiounen, déi net noutwennegerweis matenee verbonne waren. Elo, wou genuch elektronesch orientéiert Museker a Bands dës Kontinuitéit assuréieren, ass et de Moment, zeréckzekucken. D’Konferenz soll ee Fonke si fir de Projet vun enger Geschicht vun der elektronescher Musek zu Lëtzebuerg.