Panier
Favoris
Alter

8+

Sprooch

op Lëtzebuergesch

Dauer

30′

Wat koum fir d’éischt: d’Ee oder d’Hong? Op dëss Fro versicht dat klengt Clémentine eng Äntwert ze fannen. Säi Virwëlz bréngt hat an der Bomi hiren Hëngerstall. Do entdeckt hat den Henry, d’Chica Loca, d’Elizabeth an d’Madeleine, mee net d’Äntwert op seng Fro. Net schlëmm! D’Clémentine fuerscht monter weider a stéisst op vill Spannendes, dat hat iwwert Joren zu enger eenzegaarteger Sammelung zesummendréit. 

No senger grousser Première um Marionnettefestival 2018 verléisst Ei, Ei, Ei?! seng Scheier zu Toodler, fir elo den Awunner vun der Stad eng kuerzgefaasst an decaléiert Versioun vun der Evolutiounsgeschicht vum scheinbar harmloseste Plommendéier op der Welt ze erzielen.

E poetescht an humorvollt Stéck iwwert d’Wichtegkeet am Liewen Froen ze stellen.

Iddi a Spill: Luisa Bevilacqua / Regie: Linda Bonvini / Luuchten: Nico Tremblay / Fotosrechter: Literarische Hühner, Fotografien von Beth Moon. Elisabeth Sandman Verlag / Produktioun an Diffusioun: Rotondes Luxembourg / Kreatioun Mai 2018 um Marionettefestival zu Toodler / Fotoen © Mike Zenari

Trailer: Ei, ei, ei?!