A meng Wallisse paken ech :
eng Weltkaart
eng Weltkaart an ee Grinsen
eng Weltkaart, ee Grinsen an eng Peffermënzkamell
eng Weltkaart, ee Grinsen, eng Peffermënzkamell an e klengt Geräisch
eng Weltkaart, ee Grinsen, eng Peffermënzkamell, e klengt Geräisch a 15 Wierder, déi mat « E » ufänken
eng Weltkaart, ee Grinsen, eng Peffermënzkamell, e klengt Geräisch, 15 Wierder, déi mat « E » ufänken an ee Staunen
eng Weltkaart, ee Grinsen, eng Peffermënzkamell, e klengt Geräisch, 15 Wierder, déi mat « E » ufänken, ee Staunen an eng Koppel gespëtzten Oueren!No enger sëllechen Erzieltournéeë mat verschiddene KënschtlerInnen mécht d’Betsy Dentzer sech dës Saison aleng op d’Rees. Ma aleng bleift hatt just, esou laang seng 3 Wallissen nach zou sinn … A wat schleeft hatt do wuel mat sech ronderëm?
Ab 8 Jahren
Aufführung Ënnerwee





Dieser Text existiert nicht auf Deutsch.
Konzept an Erzielung: Betsy Dentzer / Bühnenelementer: Olivier Pesch / Kënschtleresch Berodung: Linda Bonvini / Produktioun an Diffusioun: Rotondes / Foto © Sven Becker

