À partir de 8 ans

Spectacle Ënnerwee

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

A meng Wallisse paken ech : eng Weltkaart eng Weltkaart an ee Grinsen eng Weltkaart, ee Grinsen an eng Peffermënzkamell eng Weltkaart, ee Grinsen, eng Peffermënzkamell an e klengt Geräisch eng Weltkaart, ee Grinsen, eng Peffermënzkamell, e klengt Geräisch a 15 Wierder, déi mat « E » ufänken eng Weltkaart, ee Grinsen, eng Peffermënzkamell, e klengt Geräisch, 15 Wierder, déi mat « E » ufänken an ee Staunen eng Weltkaart, ee Grinsen, eng Peffermënzkamell, e klengt Geräisch, 15 Wierder, déi mat « E » ufänken, ee Staunen an eng Koppel gespëtzten Oueren !No enger sëllechen Erzieltournéeë mat verschiddene KënschtlerInnen mécht d’Betsy Dentzer sech dës Saison aleng op d’Rees. Ma aleng bleift hatt just, esou laang seng 3 Wallissen nach zou sinn … A wat schleeft hatt do wuel mat sech ronderëm ?

Konzept an Erzielung : Betsy Dentzer / Bühnenelementer : Olivier Pesch / Kënschtleresch Berodung : Linda Bonvini / Produktioun an Diffusioun : Rotondes / Foto © Sven Becker