À partir de 5 ans

Spectacle / Theater a musek D’prinzessin op der ierbes

Traffik Theater (LU)
Fabula Rasa Fabula Rasa 
Ticket
Fabula Rasa Fabula Rasa 
Photo 1 : À gauche, une femme tient un panier rempli de petites boules vertes. Au centre, un homme porte une de ces boules à ses yeux. À droite, un homme tient une cloche en verre tout en regardant la boule.
Photo 2
Photo 3: À gauche, une femme tient un panier rempli de petites boules vertes. Au centre, un homme porte une de ces boules à ses yeux. À droite, un homme tient une cloche en verre tout en regardant la boule.
Photo 1 : À gauche, une femme tient un panier rempli de petites boules vertes. Au centre, un homme porte une de ces boules à ses yeux. À droite, un homme tient une cloche en verre tout en regardant la boule.
Photo 2

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

Et war eemol e Prënz, deen onbedéngt eng Prinzessin wollt bestueden. Et huet awer eng richteg misse sinn. De Prënz ass duerch d’ganz Welt gereest, fir eng ze fannen. Mee ëmmer war eppes verkéiert …

D’Kënschtler:innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren.

Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen ? Oder Jenny a Menni ? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn ? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier ? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden ?

Nominéiert an der Kategorie Bescht Kanner- a Jugendproduktioun bei de Lëtzbuerger Bünepräisser 2025

Spill : Michel Boulanger (Cello, Piano), Eleonora Savini (Gei, Piano, Gesank), Dan Tanson (Zeechnungen an Erzielung) / Stéckentwécklung : Michel Boulanger, Eleonora Savini, Dan Tanson / Museksdramaturgie a Kompositiounen : Michel Boulanger / Kompositiounassistenz a Produktion Soundtrack : Eleonora Savini / Objetdesign, Illustratiounen an Animatiounen : Dan Tanson / Beweegungscoach : Adèle Bourret / Kostümer : Anne-Marie Herckes / Konstruktioun a Schräineraarbechten : Escher Theater (Dirk Fuchs, Laurent Kohn) / Technesch Assistenz, Objetkonstruktiounen : Carine Ceglarski / Luuchten an Technik : Bert Marijsse / Bléck vu baussen : Linda Bonvini / Berodung : Sandy Artuso / Pedagogesch Begleedung : Lena Batal, Linda Bonvini, Anja Hoscheit / Produktioun : Escher Theater / Koproduktioun : Prabbeli Wiltz an AllerRetour a.s.b.l. / Ënnerstëtzung bei der Produktioun : Emma van Overschelde – La Roseraie Espace Cré-Action, Chantier Mobile a.s.b.l., E411 vzw / Merci : Francis Schmit, Elena Gallafrio (Associazione Musica Insieme, Grugliasco), Christian Hanten, Carole Ensch, Atelier Winandy Woltz an d’Ekipp vum Escher Theater / Kreatioun Juni 2023