Ab 5 Jahren

Aufführung / Theater a musek D’prinzessin op der ierbes

Traffik Theater (LU)
Fabula Rasa Fabula Rasa 
Ticket
Fabula Rasa Fabula Rasa 
Foto 1: Links hält eine Frau einen Korb mit kleinen grünen Bällen. In der Mitte hält ein Mann einen dieser Bälle vor die Augen. Rechts hält ein Mann eine Glasglocke und betrachtet den Ball.
Foto 2
Foto 3: Links hält eine Frau einen Korb mit kleinen grünen Bällen. In der Mitte hält ein Mann einen dieser Bälle vor die Augen. Rechts hält ein Mann eine Glasglocke und betrachtet den Ball.
Foto 1: Links hält eine Frau einen Korb mit kleinen grünen Bällen. In der Mitte hält ein Mann einen dieser Bälle vor die Augen. Rechts hält ein Mann eine Glasglocke und betrachtet den Ball.
Foto 2

Dieser Text existiert nicht auf Deutsch.

Et war eemol e Prënz, deen onbedéngt eng Prinzessin wollt bestueden. Et huet awer eng richteg misse sinn. De Prënz ass duerch d’ganz Welt gereest, fir eng ze fannen. Mee ëmmer war eppes verkéiert …

D’Kënschtler:innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren.

Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden?

Nominéiert an der Kategorie Bescht Kanner- a Jugendproduktioun bei de Lëtzbuerger Bünepräisser 2025

Spill: Michel Boulanger (Cello, Piano), Eleonora Savini (Gei, Piano, Gesank), Dan Tanson (Zeechnungen an Erzielung) / Stéckentwécklung: Michel Boulanger, Eleonora Savini, Dan Tanson / Museksdramaturgie a Kompositiounen: Michel Boulanger / Kompositiounassistenz a Produktion Soundtrack: Eleonora Savini / Objetdesign, Illustratiounen an Animatiounen: Dan Tanson / Beweegungscoach: Adèle Bourret / Kostümer: Anne-Marie Herckes / Konstruktioun a Schräineraarbechten: Escher Theater (Dirk Fuchs, Laurent Kohn) / Technesch Assistenz, Objetkonstruktiounen: Carine Ceglarski / Luuchten an Technik: Bert Marijsse / Bléck vu baussen: Linda Bonvini / Berodung: Sandy Artuso / Pedagogesch Begleedung: Lena Batal, Linda Bonvini, Anja Hoscheit / Produktioun: Escher Theater / Koproduktioun: Prabbeli Wiltz an AllerRetour a.s.b.l. / Ënnerstëtzung bei der Produktioun: Emma van Overschelde – La Roseraie Espace Cré-Action, Chantier Mobile a.s.b.l., E411 vzw / Merci: Francis Schmit, Elena Gallafrio (Associazione Musica Insieme, Grugliasco), Christian Hanten, Carole Ensch, Atelier Winandy Woltz an d’Ekipp vum Escher Theater / Kreatioun Juni 2023