„Koofen ist was für die Doofen“
huet et an engem Lidd an de 70er Joren geheescht. An effektiv gin d’Otto/Ottilie-Normalerbraucher*innen mat engem Tsunami vun Wueren ugelackelt, vun denen e groussen Del dono als TRASHedy landt, fir de Numm vun enger Theaterstéck an de Rotonden ze klauen.
Gin et aner Verkafsmodeller fir Verbraucher*innen, déi anescht an aner Wueren wëllen notzen ? Musse Biérger vun Verpakungen de Caddy an dono d’Dreckskëscht vun den gestresste Shopperten fëllen ? Mussen Liéwesmëttel aus Biolandabau oder fairem Handel éiweg en Nischen-Dasein fristen ?
Am Schiéd vun de Grandes Surfaces, déi sech zu Lëtzebuerg epidemieartig ausbreden, kommen ëmmer méi Gnomen aus Feld an Atelier, déi versichen besser Produkter, déi ekologesch an sozial correct sin, un Mann, Frau a Kand ze bréngen.
Mir wëllen der e puer vun denen viirstellen an de Publikum nohake loossen, wat d’Chancen an d’Limiten vun dem neien Geschäftsmodell sin.






