D’Aarbechtswelt ass an enger Transitiounsphas. Duerch d’Automatiséierung an d’Robotiséierung ginn d’Mënsche vu Maschinnen ersat. Eis Gesellschaft brauch Léisungen. D’Entkoppelung vun Akommes an Aarbecht wär eng Méiglechkeet. Mat engem bedéngungslose Grondakommes géife mer dësem Konzept mi no kommen.
D’Bezuelbarkeet vun engem bedéngungslose Grondakommes gëtt oft als Barrière gesinn. Ass e Grondakommes bezuelbar ? Oder bleift et just eng Utopie ? Weltwäit gëtt d’Grondakommes thematiséiert. Dësen Owend bitt eng Geleeënheet d’ Idee vum bedéngungslose Grondakommes och fir Lëtzebuerg ze denken.
Kommt an diskutéiert mat !
Conférence Bedéngungslost grondakommes : eng chance fir lëtzebuerg ?
Eng Table Ronde mat Akteuren aus Wirtschaft, Politik, Kultur an Zivilgesellschaft





Désolé, ce texte n’existe pas en français.
Org.: Initiativ bedéngungslost Grondakommes Lëtzebuerg asbl, a Kollaboratioun mat de Rotondes

