Spectacle De kapitän mullebutz a seng séisswaassermatrousen

Koproduktioun Les Théâtres de La Ville de Luxembourg

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen komme vun enger laanger Rees nees zeréck Heem op Lëtzebuerg. Hiert Häerz ass voller Musek an de Kapp ass voller Erënnerungen un d’Länner déi si gesinn hunn.
Ma doheem ass et awer am schéinsten an dofir wëlle si mat hire Frënn e grousst Fest feieren. An Dir sidd invitéiert !
De Kapitän Mullebutz, d’Madame Li an d’Séisswaassermatrousen sange flott Kannerlidder vun heiheem an aus frieme Länner. D’Lidder erziele vun den Abenteuer déi si erlieft hunn, vum Liewen u Bord a wat ee brauch fir e richtege Matrous ze sinn.
Mat bekannte Vollekslidder & Lidder vum Pir Kremer/​Jempy Kemmer, Toni Schuster/​Marcel Reuland, Michel Lentz, Georges Urwald, Romy Grangenet a Ralph Kilburg an anerer.

Iddi, Konzept, Gesank : Dan Tanson Arrangementer, Piano, Akkordeon, Klackespill : Georges Urwald Produktiounsleedung : Arend Herold Bléck vun baussen : Milla Trausch Gesankscoach : Aline Janssens Kostüm : Joey Adam Bühn : Chantier Mobile Visuals : Claude Grosch Gitar : Christian Peckels Bassgei : Tom Wiot Trompett : Jhang Kohnen Getrommeltes : Max Sauber Gei a Gesank : Noemie Leer Trombonn : Gast Gnad Saxophonen : Paul Dahm Tountechnik : Georges Majerus Produktioun : Chantier mobile asbl Koproduktioun : Les Théâtres de la Ville de Luxembourg Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, Sacem & Fondation indépendance.