Concert / Rap & Hip hop De läbbel launch party

Den offizielle Lancement vum Möchtegern-Label aus Lëtzebuerg, De Läbbel
Photo 1
Photo 2
Photo 3
Photo 1
Photo 2

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

De Läbbel ass ee Möchtegern-Musekslabel, net well en net wéi en Label funktionéiert, mä well en ouni wierklech kommerzielle But existéiert. An d’Welt geruff fir d’Ënnerstëtzung vun eiser lëtzebuerger Musekszeen, och net well et keng lëtzebuergesch Musekszeen gëtt, mä well de Bauer nach net alles kennt an et Bauere ginn déi awer bis iwwert den Tellerrand gesinn. FLIP & AVERAGE matt Tuesday Classics, en éisträichesche Projet vum Flip & Average. De Flip kennt der vläit vun der souzesoe gréisster Hip Hop Formatioun aus Éisträich, Texta. Déi 2 passionéiert Rapper hunn sech ëmmer Dënschdes an hirem Keller getraff fir an dësem Projet al Hip Hop Klassiker rëm auszegruewen. D’Beats si mat original Samples an Drums reproduzéiert an dat ganzt Silb fir Silb, Flow fir Flow an Däitscht sou gudd wéi méiglech iwwersat. E Muss fir all Golden Era-Fanatiker. MONKEY ROBOT, den Producer-Duo Eric P a LuiGi, baséiert zu Bréissel, en Klangteppech mat organesche Sounds déi gekonnt aus Drum-Computeren a Synthesizer’en erausstréimen an Iech d’Ouere masséieren. Dat Ganzt verschéinert mat engem visuelle Background, fir dat dann schlussendlech ganz Ambiance fir dat Erliefnis gestemmt ass. Definitiv, fir déi wou et nach net kennen, eng ganz interessant Decouverte. DE LÄB, vill soe mer lo net méi dozou. Si maache scho säit sou munche Joere Bühnen am Ländchen onsécher an hiren neien Album ass um Wee, d.h. do wärt och endlech erëm méi exclusivt Material audiovisuell an äert Gehéier andréngen. In vino veritas.