De Pierchen a säi Grousspapp wunne beim Bësch. De Grousspapp warnt de Pierchen stänneg an den déiwe wëlle Bësch eranzegoen, well de Wollef – schlau wéi d’Nuecht – do seng Ronnen dréit. Enges gudde Moien spréngt de Pierchen iwwert den Zonk, verléisst säi geschütztent Haus a rennt poulriicht an de Bësch. Hie begéint senge Frënn, dem Villchen an der Int. Ass de Pierchen och prett dem Wollef ze begéinen, dee sech am Schiet vun de Beem verstoppt ?
12 Museker vum OPL an den Dan Tanson zielen a spillen dem Sergei Prokofjew säi Klassiker.
À partir de 4 ans
Spectacle De pierchen an de wollef
Reprise





Désolé, ce texte n’existe pas en français.
Konzept : Daniel Tanson, Astrid Howard | Regie : Astrid Howard | Erzieler, Bühn an Objeten : Daniel Tanson | Museker : Orchestre Philharmonique du Luxembourg | Luuchtekreatioun : Daniel Šestak | Schiet : Josette Feinen | Textil : Peggy Wurth | Koproduktioun : login:music/Orchestre Philharmonique du Luxembourg, Traffik Theater/Chantier Mobile asbl | Reprise mat der Ënnerstëtzung vun TRAFFO_CarréRotondes | Kreatioun Januar 06

