À partir de 4 ans

Spectacle Den till

KREATIOUN
Photo 1
Photo 2
Photo 3
Photo 1
Photo 2

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

An der Tierkei heescht hien Nasreddin oder Dschuha, an Afrika gëtt hien Abu Nuwa genannt, op Sri Lanka ass et den Andare an an der Mongolei de Badartschin. Bei eis ass säin Numm Till Eulenspiegel. Mee egal wéi mer en och nennen, hien ass iwwerall fir seng Spiichten a Stiichtereie bekannt ; méi wi een huet hien duerch seng gewëtzten Iddien esou richteg baschte gedoen. A well et esou schrecklech vill Spaass mëscht nozelauschteren, wéi déi agebilten an nidderträchteg Leit ugeschmiert ginn, zéien d’Betsy an de Max duerch d’Land an erzielen déi faarweg Geschichte vum Till. Déi zwee jongléiere mat Wieder a Spréch, mat Kläng a Melodien, mä och mat richtege Saachen, huelen Iech mat vun enger Plaz op déi aner an doen Iech esou richteg laachen ! No der Trilogie E Kuerf voller Geschichten“, presentéiert TRAFFO matt Den Till“ eng nei kleng Erzielform déi och flexibel an anere Kulturhaiser a Schoule ka spillen.

Konzept an Erzielung : Betsy Dentzer Jonglage : Max Hinger Produktioun an Diffusioun : TRAFFO_CarréRotondes