Muel, Millen, muel, Millen, dréi dech, Millen, muel…
Viru laanger laanger Zäit, souz eng Famill iergendwou an Norwegen an hirem klengen Haischen an hat näischt z’iessen. Do huet de Mann sech op de Wee gemaach, eraus a Schnéi a Wand, fir säi räiche Brudder no enger Klengegkeet fir z’iessen ze froen. Op sengem Wee duerch de Bësch ass en awer beim Däiwel an der Häll gelant a koum do bei eng Salzmillen. Eng Salzmillen, déi säi Liewe verännert huet.
D’lescht Saison huet D’Zaubermillen schonn iwwer 60 Mol am Land gedréit a gemuel. Am Wanter kënnt si dann och an d’Rotonden.






