Conférence D’zukunft séien !

Geséims aus dem Kraizschouschteschgaart

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

Am Kader vun de Synergies vun de Rotonden organiséieren SLOW FOOD Lëtzebuerg, FAIRTRADE Lëtzebuerg an SOS Faim säit 2008 Soiréën mam Titel HUNGRY PLANET. Déi next geet un d’Wuerzelen vun der Agrarkris. Geséims als Geschäft Wien Slow Food oder Fair Trade oder SOS Honger seet, muss och bis un den Ursprung vun der Ernährung denken. Wann ee weess, datt e puer Konzerner d’Hand op d’Biodiversitéit vum Saatgut halen, datt déi Konzerner mat der Gentechnologie an der Agrarindustrie verflecht sin an esou d’Baueren an der ganzer Welt ëmmer méi zu hire Sklave machen, dann ass den Opbbau vun Alternativen an der Landwirtschaft, déi schonn beim Soom ufenken, méi wéi lieweswichteg. Back to the seeds Och zu Lëtzebuerg ass d’Problembewosstsäin an de leschte Jor gewuess. Zwar bauen ëmmer manner Leit, besonnesch am urbane Raum, hirt eegent Geméiss un, mä déi, di et machen, versichen ëmmer méi op al an lokal Zorten zréckzegräifen. An sengem Gaart mat de villen « sch » setzt sech de Steve Schwartz fir d’Erhalung an d’Weiderféierung vun der Biodiversitéit an, e.a. duerch Selektioun, Weiderentwécklung, Archivéierung an Diffusioun vu Geséims aus der Vielfalt vun Notzplanzen. Aus dem Kraizschouschteschgaart De Steve Schwartz wärt eis e flotte Viirtrag iwwert d’Objektiver an d’Aktivitéiten vun sengem Biodiversitéitsparadäiss halen. Iwwer 600 Zorten ginn hei archivéiert, all Jor gin ca 100 Zorten no biologesche Kritären ugebaut a vermehrt.Ënnermauert gët säi Virtrag mat engem kuerze Film aus der Soomgewannungspraxis. Hie bréngt och eng Auswiel vu Geséims mat, sou datt der direkt den Dag dono mam Ausséie kënnt ufenken (Virtrag op Lëtzebuergesch, Diskussioun méisprocheg méiglech). Discussioun an der konvivialer Atmosphär vun der Plattform an dem Bar vun der Rotonde 1.

Org. SLOW FOOD Lëtzebuerg, FAIRTRADE Lëtzebuerg & SOS Faim