Spectacle Frrrups

Photo 1
Photo 2
Photo 3
Photo 1
Photo 2

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

Hannert Bierg an Dall, matzen am Dännebësch, do wou et Nuets stackdäischter ass an dagsiwwer d’Villercher päifen, wunnt eng Geessefamill, d’Mamm an hir dräi Klenger. Wéi de Wanter virun der Dier stoung, an eng Schnéidecken sech lues iwwert d’Wise geluecht hat, huet d’Mamm sech missen op d’Rees maachen vir no Iessen sichen ze goen. Ier si sech op de Wee mécht sengt si hire Klengen e Lidd, sou datt di Kleng si un hirer Stëmm erëmerkenne kënnen. Mä dobaussen, net wäit hannert der nächster Heck, do huet een aaneren nogelauschtert an dee lauert nëmmen drop vir zouzeschnapen.
Am Kader vum zweeten Fabelenweekend Fabula Rasa“ presentéieren d’Larisa Faber, de Misch Feinen an d’Linda Bonvini dëst Wantermäerchen inspiréiert vum rumäneschen Auteur Ion Creangă senger Geschicht Capra cu trei iezi“.
D’Kënschtler verloossen déi klassesch Theaterbühn vir de Publikum an hier mysteriéis Billerwelt ze entféieren.

Produktioun : TRAFFO_​CarréRotondes Regie : Linda Bonvini Spill : Larisa Faber Zeechnungen an Dekor : Misch Feinen Op Lëtzebuergesch iwwersat : Serge Tonnar fräi nom rumänesch Kannermärechen Capra cu trei iezi“. Kreatioun Januar 2014