Déi 3. Saison vun Generation Art stung dës Kéier ganz am Zeeche vun der Fotografie. Am Ufank waren 12 Kandidate am Rennen. All Woch kruuten si e kreativen Challenge an haaten dann 2 Deeg fir déi perfekte Foto ofzeliwweren.
Bewäert goufen si vun enger professioneller Jury : d’Marita Ruiter (Galeristin), d’Daniela Del Fabbro (CNA) an den Didier Damiani (Konschtkritiker) ma och vun engem Lëtzebuerger Fotograf deen all Woch d’Jury komplettéiere koum. Um Enn vun all Challenge misst dann ee Fotograf d’Aventure verloossen.
Um Enn sinn 3 Finalisten zréckbehaale ginn : de Bruno Oliveira, de Yannick Schroeger an d’Roxanne Peguet. Soumat hunn di 3 eng grouss Ausstellung an de Rotondes gewonnen.
De Vernissage an d’Finale sinn de Samschdeg 8. Abrëll an deen Dag decidéiert d’Jury och wien de grousse Gewënner vun Generation Art gëtt an domat en Präisgeld gewënnt.
Arts visuels & Exposition Generate art — photo edition
d’Ausstellung matt den Finalisten vun GENERATION ART





Désolé, ce texte n’existe pas en français.
Koproduktioun : RTL + Rotondes

