K‑a-m-i-s-h-i-b-a‑i (紙芝居)… e komescht Wuert!? Kee Wonner, well dat kënnt aus enger ganz anerer Sprooch, nämlech aus dem Japaneschen, an heescht do esou vill ewéi Pabeiertheaterspill. Et geet hei drëm, Geschichten ze zielen an dem Zuschauer oder Nolauschterer dobäi Biller zu der Geschicht ze weisen. Fir d’Biller net selwer mussen unzehalen, kann een se an eng hëlze Rumm stiechen.
Während zwee Nomëtteger dauchen d’Kanner an d’Welt vun de Geschichten an, léiere vill Zorten dovunner kennen, erfannen der selwer e puer, halen se op Pabeier fest an erzielen se esou wéi am Kamishibai.
À partir de 8 ans
Labo & Atelier Kamishibai atelier





Désolé, ce texte n’existe pas en français.
Begleedung : Betsy Dentzer Produktioun : TRAFFO_CarréRotondes

