Di zwee Kueben, Kolja a Galina, liewen a Russland. Well et hinnen am Wanter do ze kal ass, maachen se sech op d’Rees…
Ënnerwee begéine si vill aner Déieren. Si froen all Déier, wat et am Wanter mécht, fir net ze fréieren ? Di zwee Kueben kréien allerhand Äntwerten ! Loosst Iech iwwerraschen a kommt mat op d’Rees … Den Text, d’Biller an d’Lidder vun dësem flotte Kuebespektakel gi vum Dany Gales, der Autorin vun dëser Kuebegeschicht, selwer virgedroen. D’Geschicht gëtt musikalesch begleet vum Judith Lecuit um Cello, vum Bob Morhard op verschiddene Perkussiounsinstrumenter a vum Tom Wiot um Kontrabass. D’Kanner gi matt an de Spektakel abezunn, andeems si Geräischer maachen, e Rhythmus klappen, matsangen, an eng Déiereroll klammen oder einfach d’Geschicht antizipéiere kënnen… KOLJA A GALINA, WA KUEBE REESEN ass dat véiert Kannerbuch, dat d’Autorin Dany Gales erausbréngt. Si huet bis elo schon eng Rei Virliesunge vun hire Kannerbicher gemaach a wollt dës Kéier zu hirem neie Buch och e klenge musikalesche Spektakel entwéckelen, fir d’Kanner an d’Geschicht anzebezéien. Si huet op eng Rei Kannerlidder aner Texter geschriwwen a fir all Déier probéiert, eng passend Musek ze sichen, déi de Charakter oder d‘Temperament vun dësem erëmspigelt. Matt Hëllef vum Arrangement vun de Museker ass et sou gelongen, d’Biller vun der Geschicht och musikalesch ze ënnermolen. Sou ass e villschichtege Spektakel entstanen, de klengen awer och groussen Zuschauer souwuel witzeg a sprëtzeg, wéi och harmonesch a besënnlech Momenter bitt.