À partir de 4 ans

Spectacle Schmock

Kréatioun
Photo 1
Photo 2
Photo 3
Photo 1
Photo 2

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

Et ass matzen am Summer. E schmocke Fuuss an e choleresche Bier, déi allen zwee schwéier ënnert där waarmer Mëttessonn leiden, fanne wäit a breet näischt ze frupsen. Awer de gewëtzte Fiisschen weess sech schonn ze hëllefen. De Bier deet sech do méi schwéier a versicht säi Gléck beim grousse Séi ze fannen. Mee wien hätt an där Nuecht scho mat engem fatzege Frascht gerechent…? Schmock ass no Frrrups (Januar 2014) den zweeten Deel vun der Trilogie, déi d’Rotonden mam Larisa Faber a Linda Bonvini ronderëm d’Fabele vum rumäneschen Auteur Ion Creangă realiséieren. Den drëtten Deel Basta wäert am Dezember 2015 presentéiert ginn a geet dono op Tournée.

fräi no der rumänescher Fabel Ursul păcălit de vulpe vum Ion Creangă Iddi a Spill : Larisa Faber Regie : Linda Bonvini Bühn a Kostüm : Anouk Schiltz op Lëtzebuergesch iwwersat an adaptéiert : Serge Tonnar