Eng knapp Woch virun de Wahlen organiséiert d’Equipe vum Wahlbureau zesumme mat forum eng ofschléissend Debatt. No insgesamt 4 Live-Debatte mat 9 Kandidaten um Radio ARA a weidere Gespréicher a Reportage wëlle mir eng läschte Kéier jonk Kandidaten zur Diskussioun alueden.
Kënne jonk Kandidate wierklech nei Impulser an d’Partei matbréngen an och jonk Wieler iwwerzeegen ? Wat sinn d’Themen, déi si wëllen no fir bréngen ? Ënnerscheeden se sech iwwerhaapt vun den Eeleren ? Wéi grouss ass den Upassungsdrock ? Dat si just e puer Froen, déi mer de Kandidate stelle wëllen. Mee och vum Public wëlle mer wëssen, op a wéi se sech vu jonke Kandidate vertruede fillen.
Just 6 Deeg virun de Wahlen huet d’Publikum d’Geleeënheet an engem oppenen Austausch mat jonken opstriewende Lëschtekandidaten ze diskutéieren.