Wou kënnt mäin Iessen hier ? Dës Fro interesséiert ëmmer méi Konsumenten a si entscheeden sech fir regional Produiten. Ëmmer méi Produzenten entscheeden sech fir de Modell vun der Direktvermaartung. Mee wéi eng Erausfuerderunge sinn domadder verbonnen ? Derniewent entdecken d’Supermarchéen hirersäits och d’Lokalproduzenten. Wat erreechen si ?
AN DER REGIONALER ARENA :
Jos Schank – Bauer
Als Pionéier an der biodynamescher Landwirtschaft kann de Jos Schanck op iwwer 25 Joer Erfahrung zeréckkucken. De Schanck-Haff huet eng ganz diversifiéiert Produktioun. Nieft verschiddenen Zorte Feldgeméis gëtt um Haff selwer och Kéis a Brout hiergestallt. Een Deel vun der Produktioun vum Schanck-Haff gëtt zu Hëpperdang am Haff-Buttek verkaaft.

Laurent Schonkert – Administrateur-Directeur vun der Supermarchéschaîne Cactus
D’Supermarchéschaîne verkeeft lokal produzéiert Produiten an duerch hir Serie « Food Hero » versicht si regional engagéiert Producteure méi bekannt ze maachen.

Thierry Origer – President vu Slow Food
Den Thierry Origer huet Soziologie, Philosophie a Psychologie studéiert. Hie beschäftegt sech scho säit Jore mat der Fro vum Konsum vu regionale Produiten.

Pit Reichert – Geméisgäertner
No engem Ofschloss als Kostümdesigner huet hien décidéiert eng Ausbildung als Geméisgäertner ze maachen. 2014 huet hie mat 2 weidere Frënn d’Kooperativ TERRA gegrënnt, déi sech fir de Modell vun der solidarescher Landwirtschaft an der Direktvermaartung vun hirer Geméisproduktioun entscheet huet.