Zanter 1997 ass de Serge Tonnar fräischaffenden Auteur, Komponist an Interpret. Seng Haaptaktivitéit ass d’Kompositioun vun eegene Lidder (virun allem mat senger Band Legotrip) a vu Film- an Theatermuseken. Doderniëwent schafft e geleegentlech am Theater als Schauspiller an Auteur.
All seng Aktivitéiten huët en als Autodidakt erléiert, och wann en der Meenung ass, dass et dat guer net gëtt. E gesäit seng Beruffer éischter als eng permanent Léier mat ëmmer neie Léiermeeschteren.
Hien ass Matbegrënner vu MASKéNADA, Kënschtlerkollektiv a Produktiounsplattform fir alternativ theatralesch a musekalesch Projeten.






