Panier
Favoris

CD D’Zaubermillen

Mam Betsy Dentzer (Erzielung), Florence Kraus (Musek), Florence Weiser (Zeechnungen)
Dauer

30′37″

Sprooch

op Lëtzebuergesch

« Muel, Millen, muel, 
Millen, dréi dech, 
Millen, muel… »

Viru laanger laanger Zäit, souz eng Famill iergendwou an Norwegen an hirem klengen Haischen an hat näischt z’iessen. Do huet de Mann sech op de Wee gemaach, eraus a Schnéi a Wand, fir säi räiche Brudder no enger Klengegkeet fir z’iessen ze froen. Op sengem Wee duerch de Bësch ass en awer beim Däiwel an der Hell gelant a koum do bei eng Zaubermillen… eng Zaubermillen, déi säi Liewe verännert huet.

Wierder, Zeechnungen a Musik loossen dës Zaubermillen dréinen, muelen an dréinen a muelen… mä wéi kréie mer se dozou, nees opzehalen?!

Konzept an Erzielung: Betsy Dentzer | Zeechnung a Grafik: Florence Weiser | Musek: Florence Kraus | Produktioun: Rotondes | Opnahm a Postproduktioun: Mayfex | D’Geschicht gouf ausgewielt, verschafft an op Lëtzebuergesch iwwersat vum Betsy Dentzer. | Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, der Stad Lëtzebuerg an dem Mediepartner RTL.

D’Zaubermillen
Bestellung

Dir kënnt dës CD per Mail (email hidden; JavaScript is required) bestellen.

Präis

15€ (+ 4€ Envoi)
Maximal 4 CD’en pro Bestellung