Panier
Favoris
Sprooch

Lëtzebuergesch

Alter

Ab 4 Joer

Säitenzuel

32

Dat éischt lëtzebuergescht
AR*-Kannerbuch!

De Sandmännche geet a seng wuelverdéngte Pensioun. Seng Duechter, d’Sandmeedchen, iwwerhëlt de Betrib a street elo all Owend de Kanner op der ganzer Welt Sand an d’Aen. Esou kënne se gutt schlofen a schéin dreemen.

Mee dem Sandmeedche seng Kusin, d’Nuecht, ass traureg a fillt sech eleng. Wa si owes kënnt, leien d’Kanner ëmmer scho laang am Bett. Wéi wier et, wann d’Nuecht einfach dem Sandmeedche seng Posch mam Sand géif verstoppen?

Op der Sich no de Kanner hire verschwonnenen Dreem muss d’Sandmeedchen iwwer d’Wolleke reesen…

Text: Yorick Schmit / Illustratioun an Animatioun: Dirk Kesseler / AR: Virtual Rangers / Editeur: Rotondes a.s.b.l. / Co-Editeur: Kremart Edition s.à r.l. / Drock: Imprimerie Centrale / Lëtzebuerg 2021

Wat ass AR?

*AR steet fir Augmented Reality, also fir erweidert Realitéit. Fir d’Biller lieweg ze maachen, braucht Dir eng App.

Luet d’App erof!

  • Maacht de Google Play Store oder den App Store op Ärem Smartphone oder Tablet op.
  • Luet d’gratis App Rotondes AR erof.
  • Klickt op SCAN a scannt d’Säiten, fir d’Illustratiounen ze animéieren.
Bestellung bei de Rotondes

Online: Klickt hei

Per E‑Mail: email hidden; JavaScript is required

Per Telefon: (+352) 2662 2030, Dë-Fr >13:30 – 18:30

Präis: 24,90€

Am Buttek

D’Buch D’Sandmeedchen ass och an de Librairien disponibel. Frot roueg bei Ärem Libraire dono!