“Wat e Kabes!” Dat héiert een dacks…ob an der Kichen oder awer och am Alldag, wann d’Leit sech verréckten, onwahrscheinlech, lëschteg a meeschtens erfonnte Geschichten erzielen.
A genee esou Kabesgeschichte wëllen d’Betsy Dentzer an de Luc Hemmer och um PICelectroNIC kachen ! Déi wichtegst Regel : et gi keng Regelen ! D’Geschichte gi ganz frësch gebroden an ugeréiert a gliddeg waarm zervéiert, an alles, wat an déi Geschichten dra kënnt, kënnt vum Nolauschterer selwer ! Op déi selwergekachte Wieder kënnt eng Zooss vu frëschen Téin a Kläng drop, an do ka wierklech just eppes zum Schluss erauskommen : deen allerdéckste Kabes!! Wat e Spaß !
Labo & Atelier Kabesgeschichten
contes musicaux improvisés





Désolé, ce texte n’existe pas en français.
Konzept : Betsy zesumme mat de Rotondes / Erzielimpro : Betsy Dentzer / Musikalesch Impro : Luc Hemmer

