Labo & Workshop Kabesgeschichten

contes musicaux improvisés

Sorry, there’s no English version of this text.

Wat e Kabes!” Dat héiert een dacks…ob an der Kichen oder awer och am Alldag, wann d’Leit sech verréckten, onwahrscheinlech, lëschteg a meeschtens erfonnte Geschichten erzielen. A genee esou Kabesgeschichte wëllen d’Betsy Dentzer an de Luc Hemmer och um PICelectroNIC kachen! Déi wichtegst Regel: et gi keng Regelen! D’Geschichte gi ganz frësch gebroden an ugeréiert a gliddeg waarm zervéiert, an alles, wat an déi Geschichten dra kënnt, kënnt vum Nolauschterer selwer! Op déi selwergekachte Wieder kënnt eng Zooss vu frëschen Téin a Kläng drop, an do ka wierklech just eppes zum Schluss erauskommen: deen allerdéckste Kabes!! Wat e Spaß!

Konzept: Betsy zesumme mat de Rotondes / Erzielimpro: Betsy Dentzer / Musikalesch Impro: Luc Hemmer