Conférence Politesch aktiv, 1968 a 50 joer duerno

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

D’Wochenzäitung WOXX invitéiert op en Debat an d’Rotondes ab 18:30 live iwwerdroen um Radio ARA. De Mee 1968 an déi gesellschaftlech Ëmwälzungen, déi duerno komm sinn, wierke bis haut no. Mä wat ass 2018, 50 Joer duerno, nach ze spieren ? Wéi gesi Jonker, déi haut politesch aktiv sinn, d‘Evenementer, d‘Aktiounsformen an déi gesellschaftspolitesch Errongenschafte vun deemools ? An wéi gesi Leit, déi deemools an no 68 aktiv waren, de politeschen Aktivismus vun haut ? Mir wëllen doriwwer schwätzen, ouni dobäi an 68-Nostalgie oder Jugendbashing ze verfalen. Mir wëllen eis ukucken, wat fir Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder et tëscht de Generatioune gëtt a wéi den Aktivismus vun der Zukunft kéint ausgesinn. Et diskutéieren :
- Flo Weimerskirch
- Milena Steinmetzer
- Félix Bonne
Moderatioun : Joël Adami, Journalist bei der woxx.

org. : Radio ARA, woxx, ënnerstëtzt vun de Rotondes