Conference Politesch aktiv, 1968 a 50 joer duerno

Sorry, there’s no English version of this text.

D’Wochenzäitung WOXX invitéiert op en Debat an d’Rotondes ab 18:30 live iwwerdroen um Radio ARA. De Mee 1968 an déi gesellschaftlech Ëmwälzungen, déi duerno komm sinn, wierke bis haut no. Mä wat ass 2018, 50 Joer duerno, nach ze spieren? Wéi gesi Jonker, déi haut politesch aktiv sinn, d‘Evenementer, d‘Aktiounsformen an déi gesellschaftspolitesch Errongenschafte vun deemools? An wéi gesi Leit, déi deemools an no 68 aktiv waren, de politeschen Aktivismus vun haut? Mir wëllen doriwwer schwätzen, ouni dobäi an 68-Nostalgie oder Jugendbashing ze verfalen. Mir wëllen eis ukucken, wat fir Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder et tëscht de Generatioune gëtt a wéi den Aktivismus vun der Zukunft kéint ausgesinn. Et diskutéieren:
- Flo Weimerskirch
- Milena Steinmetzer
- Félix Bonne
Moderatioun: Joël Adami, Journalist bei der woxx.

org. : Radio ARA, woxx, ënnerstëtzt vun de Rotondes