An enger äiskaler Wanternuecht klappt et beim Jeeër Wanja un der Dier. En hallef erfruerenen Hues sicht en Ënnerdaach virun der Keelt. De Wanja léisst den Hues eran, a knapps ass deen ageschlof, klappt et schonn nees un der Dier. Lo freet e Fuuss fir eragelooss ze ginn. Den Hues fäert em säi Liewen, an de Fuuss muss verspriechen, him näischt ze doen. Et dauert net laang, bis et nees dobaussen klappt. E Bier sicht no enger Plaz fir ze schlofen.
Dräi Déieren an e Jeeër sollen eng Nuecht zesumme verbréngen. Op dat gutt geet ? Wéi de Wanja wakereg gëtt, mengt en als éischt, en hätt dat alles just gedreemt, mä dunn entdeckt en dobaussen am Schnéi d’Spuere vun den dräi Déieren…
E Musektheaterstéck mat Poppen, fir Kanner an Erwuessener, fräi no der Billerbuchgeschicht „Es klopft bei Wanja in der Nacht“ vum Tilde Michels a Reinhard Michl (Gustav-Heinemann-Friedenspreis 1986). Mat Auszich aus dem éischte Sträichquartett vum G. Ligeti a Wierker vum S. Sciarrino a G. Kurtag.
À partir de 4 ans
Spectacle Wanja — eng musikalesch wantererzielung





Désolé, ce texte n’existe pas en français.
Musikalescht Konzept : Michel Boulanger Regie : Ela Baumann Spill an Erzielung : Dan Tanson Bühn, Kostümer an Objeten : Carmen Van Nyvelseel Poppen : Lieve Van Vlierberghe Luucht : Jean-Lou Caglar Iwwersetzung : Josette Feinen nom Text vum Tilde Michels Gei : Marieke Berendsen oder Cyrielle Sanchez, Marianne Van Campenhout Braatsch : Florian Peelman Cello : Michel Boulanger Produktioun : Philharmonie Luxemburg, Traffik Theater Lëtzebuerg / Chantier Mobile asbl Kreatioun Dezember 08

