From 4 years old

Performing arts Wanja — eng musikalesch wantererzielung

Sorry, there’s no English version of this text.

An enger äiskaler Wanternuecht klappt et beim Jeeër Wanja un der Dier. En hallef erfruerenen Hues sicht en Ënnerdaach virun der Keelt. De Wanja léisst den Hues eran, a knapps ass deen ageschlof, klappt et schonn nees un der Dier. Lo freet e Fuuss fir eragelooss ze ginn. Den Hues fäert em säi Liewen, an de Fuuss muss verspriechen, him näischt ze doen. Et dauert net laang, bis et nees dobaussen klappt. E Bier sicht no enger Plaz fir ze schlofen. Dräi Déieren an e Jeeër sollen eng Nuecht zesumme verbréngen. Op dat gutt geet? Wéi de Wanja wakereg gëtt, mengt en als éischt, en hätt dat alles just gedreemt, mä dunn entdeckt en dobaussen am Schnéi d’Spuere vun den dräi Déieren… E Musektheaterstéck mat Poppen, fir Kanner an Erwuessener, fräi no der Billerbuchgeschicht Es klopft bei Wanja in der Nacht“ vum Tilde Michels a Reinhard Michl (Gustav-Heinemann-Friedenspreis 1986). Mat Auszich aus dem éischte Sträichquartett vum G. Ligeti a Wierker vum S. Sciarrino a G. Kurtag.

Musikalescht Konzept: Michel Boulanger Regie: Ela Baumann Spill an Erzielung: Dan Tanson Bühn, Kostümer an Objeten: Carmen Van Nyvelseel Poppen: Lieve Van Vlierberghe Luucht: Jean-Lou Caglar Iwwersetzung: Josette Feinen nom Text vum Tilde Michels Gei: Marieke Berendsen oder Cyrielle Sanchez, Marianne Van Campenhout Braatsch: Florian Peelman Cello: Michel Boulanger Produktioun: Philharmonie Luxemburg, Traffik Theater Lëtzebuerg / Chantier Mobile asbl Kreatioun Dezember 08