E grousse schwéiere breede Bier, e mëttelgrousse Bier an e butzeg klenge Bier wunnen an engem Haus am Bësch. An hirem Haus ass et ëmmer propper a schéi geraumt. Bis enges Daags e klengt frecht Meedchen un der Dier klappt…
Déi ganz einfach a repetitiv Geschicht vum Goldie an den dräi Biere gëtt mat Objeten a Figuren illustréiert. Si eegent sech fir déi ganz Kleng an déi Grouss.
D’Erzielung gëtt musikalesch ënnermoolt vum Multi- Instrumentalist Eric Falchero.
D’Annick Sinner, wat schonn e puer Mol beim Marionettefestival dobäi war, presentéiert dëst Joer 2 eege Stécker, déi an Zesummenaarbecht mat de Rotondes enstane sinn.
Performing arts D’goldie an déi 3 bieren





Sorry, there’s no English version of this text.
Dekoren, Konzept, Erzielung : Sinner Annick Musikalesch Begleedung : Eric Falchero Kënschtleresch Berodung : Milla Trausch Mat der Ënnerstëtzung vun de Rotonden

