Am Kader vum OPEN SQUARE am Kulturzentrum CarréRotondes organisiéiert SLOW FOOD Luxembourg seit 2008 eng Rei Manifestatiounen zum Thema nohalteg Liewesmëttel an planetar Agrarpolitik ënnert dem Titel HUNGRY PLANET. (www.slowfood.lu)
Di nächst Veranstaltung «Hungry Planet» gët zesumme mat dem Mouvement Ecologique an der bioletzebuerg organiséiert an danzt e bëssi aus der Rei, well si beschäftigt sich mat Agrar- a Konsumentepolitik am Kader vun de Chamberswalen vum 20. Oktober 2013. Op der Kaart: Natiirlech, d’Weichen vun der Agrarpolitik gin zu Bréissel gestallt, mee och hei heem gin et genuch Hausaufgaben. Eng ökonomesch existenzfäheg mëttelstänneg an baierlech Landwirtschaft, e méi héijen Undel u Liéwesmëttelen, déi lokal a regional produzéiert a vermaart gin, präzis Objektiver, den Undel un ökologesch orientiertem Landbau substantiell ze erhéijen a konkret Mesüren, fir déi Zieler ze ereechen, eng kohärent Politik fir de Verbraucher gesond a schuedstoffarm Liéwesmëttelen unzebidden, d’Landwirtschaft an eng ausgewoën Naturschutz‑, Landesplanungs a Wirtschaftspolitik an anzebannen.
Um Menü: Fir nët op zevill Felder ze plouen, konzentréiere mer ons zwee wesentlech Themaën: d’Zieler vun enger ökonomesch an ökologesch nohalteger Produktioun vu Liéwesmëttelen zu Lëtzebuerg an d’Promotioun vun enger seriöser Liéwesmëttelsécherheet, déi de Konsument wéi den Produzent schützt.
Dozou kréien d’Parteien eng Rei vun Viirschléi am Viirfeld vun der Table ronde geschéckt. Déi Viirschléi gin an zwee kuerzen Exposéën deen Owent nach eng Kéier duergeluet, an zwar vum Blanche Weber (Mouvement Ecologique) a vum Änder Schank (bioletzebuerg, Oikopolis).
Wéi eng Partei wiélt wéi e Menü: Dorops hin sin Vertriéderinnen a Vertriéder vun de 9 Parteien opgefuerdert, kuerz a kloër duerzeléën, wéi eng vun dene Virschléi si géingen ënnerstëtzen a wéi eng nët. Well et esou vill Lëschte gin, kënne mer leider nëmmen 10 Minuten pro Partei fir de ganzen Owend accordéieren. Dono sollen och d’Leit aus dem Publikum nach Geléënheet kréien, genau esou kuerz a präzis Froën ze stellen.
Déi ugemeldte Vertriéderinnen a Vertriéder sin:
- Déi Lénk: Claude Schiltz
- ADR: Roby Mehlen
- KP: Jean-Marie Jacoby
- DP: Marco Koeune
- Piraten: Marc Goergen
- Déi Gréng: Henri Kox
- LSAP: Roger Negri
- CSV: Martine Hansen
- PID: Jean-Pierre Rosen.
Den Zougang zu der Table ronde ass natiirlech gratis an ouni Umellung, MEE……:
Nët mat vollem Mond: d’Parteien sollen hir Politiken mat vollem Asatz duerléën, awer nët mat vollem Mond schwetzen. Dofir gët et nom Agrarmarathon e klenge Buffet mat regionale Produkter, déi Slow Food mam Haustraiteur Steffen ausgewiélt huet. D’Leit aus dem Publikum, déi wëllen nach mat engem Maufel (am Grapp) weider diskutéieren, mussen sech per Virement umellen.