Conference Table ronde vum cannabis bündnis

Sorry, there’s no English version of this text.

D’ Cannabis Bündnis lued Iech op seng éischt Table Ronde an!
Fir eng sachlechen Discussioun iwwert d’Thema Cannabis ze féieren an d’ Thema och politesch ze beschwätzen hu mir eis décidéiert 2 Halbzäiten anzeféieren.
An der éischter Halbzäit starte mir mat enger Experte-Ronn, wou eis déi sëllech Invitéen en Iwwerbléck iwwert den Ist-Zoustand vun der Problematik hei zu Lëtzebuerg maachen.

Vertruede sinn hei:

- Dr. Hans-Gerd Gumprecht (Psychiater am CHNP)
- Nico Wagener (Entrepreneur/CCW-Wagener)
- Patrick Klein (Abrigado)
- Anouk Hinger (IMPULS)
- Dr. Jean-Paul Nilles (CeTP)
- Jean-Nico Pierre (Jugend- an Drogenhëllef)

Am zweeten Deel lancéiere mir de politeschen Débat wou mir 5 vun 6 Chamberparteien vertrueden hunn.

Invitée sinn hei:

- Cécile Hemmen (LSAP)
- Max Hahn (DP)
- Martine Hansen(CSV)
- Josee Lorsche (déi gréng)
- David Wagner (déi lénk)

Org.: Cannabis Bündnis Lëtzebuerg