Cart
Favourites

CD E Kuerf voller Geschichten

Mam Betsy Dentzer (Erzielung), Lisa Berg (Cello), Luc Hemmer (Vibraphon)
Dauer

77′23″

Sprooch

op Lëtzebuergesch

Et wor eemol… well esou fänken all Märercher un… e Kuerf. Jo, e Kuerf aus dënnen Holzrutte geflecht a mat ganz vill Plaz bannendran. Plaz fir Geschichten déi en op senge Reesen duerch d’ganz Welt gesammelt huet.

Op dëser CD héiert Dir fënnef schéin, schlëmm, witzeg, traureg, laang oder kuerz Geschichten aus dem Kuerf, mat Zwergen, Mënschefrësser, Kinneken a Prinzessinnen, begleet vun Cello a Vibraphon.

D’Geschichten aus der Trilogie E Kuerf voller Geschichten, déi Rotondes säit 2010 zesumme mam Betsy Dentzer realiséiert huet, si mëttlerweil iwwer honnert Mol op klengen a grousse Bühnen uechtert d’Land erzielt ginn, a kënnen elo och an all Kannerzëmmer gelauschtert ginn.

Konzept an Erzielung: Betsy Dentzer | Cello: Lisa Berg | Vibraphon: Luc Hemmer | Produktioun: Rotondes | Opnahm a Postproduktioun: Claude Pauly | Grafik: Laurent Daubach Designbureau | D’Texter goufen ausgewielt, verschafft an op lëtzebuergesch iwwersat vum Betsy Dentzer. | Merci dem Christiane Kremer fir seng Begleedung. | Mat der Ënnerstëtzung vum Mediepartner RTL.

D’Geschichten aus dem Kuerf

D’Schnéiwäisschen an d’Rouserout

E Mäerche vun de Bridder Grimm 
Musek: Vibraphon

Eng Mamm an hir zwee Meedercher, d’Schnéiwäisschen an d’Rouserout, wunnen an engem klengen Häische matten am Bësch. Enges Owes kënnt e grousse Bier un hir Dier klappe fir kënne bei hinnen z’iwwernuechten. Hie verbréngt all Nuecht bei hinnen am Haus, bis zum Dag wou hien dem Schnéiwäisschen an dem Rouserout säi Geheimnis verréit.

Den Zaldot an den Däiwel

E Volleksmäerchen aus Éisterräich 
Musek: Cello

En Zaldot deen nom Krich keng Aarbecht fënnt, mëcht e Pakt mam Däiwel. Vum Däiwel kritt en e Sak mat Sue geschenkt, en däerf sech allerdéngs während siwe Joer d’Hoer an d’Neel net schneiden a sech och net wäschen.

Den Hänschen Holzschongschnëtzer

E Volleksmäerchen aus Lothringen 
Musek: Vibraphon

Dem Kinnik seng Duechter ass schwéier krank, an dat eenzegt wat hat kéint gesond maache wier e Kuerf voller Kiischten. Mir sinn awer am Wanter, an am Wanter ginn et keng Kiischten, ausser beim Hänschen am Gaart. De Kinnik fléift him senger Duechter Kiischten ze bréngen. Soll hat geheelt ginn, da kritt den Hänschen d’Prinzessin als Fra. Mä, den Hänschen huet nëmmen eent gären: seng Nopesch, d’Gréidel.

De Jacques an d’Bouneplanz

En englescht Mäerchen, no der Nidderschrëft vum Joseph Jacobs 
Musek: Cello

De Jacques tauscht seng Kou géint fënnef magesch Bounen, déi iwwert d’Nuecht zu Bouneplanze wuessen, déi bis an den Himmel reechen. Enges moies klëmmt hien eng vun de Bouneplanzen erop an entdeckt iwwert de Wolleken e Risenhaus. Do wunnt eng Fra mat hirem Mann, engem Mënschefrësser.

D’Mäerche vum dommen Tun

E Mäerchen aus Éisterräich, fräi nom Volleksmäerchen Das Märchen von der dummen Urschel” 
Musek: Cello

E Bauer schéckt seng dräi Jongen, den agebilte Jos, de lidderege Frunnes an den dommen Tun, een nom aneren op de Bierg fir op seng Kéi opzepassen. Allen dräi begéinen op hirem Wee enger aler Fra déi no Hëllef freet. Den dommen Tun ass awer deen eenzegen deen hir hëlleft.

E Kuerf voller Geschichten — De Jacques an
Bestellungen

online
hei klicken
iwwer Telefon
op den +352 2662 2030
(Dë-Fr >13:30 – 18:30)
per E‑Mail
un email hidden; JavaScript is required

Präis

17€